arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greater Manchester: Bev Craig iwwerhëllt Buergermeeschterposte vum Andy Burnham

Groussbritannien

|
reading time

1 min

Greater Manchester: Bev Craig iwwerhëllt Buergermeeschterposte vum Andy Burnham

D'Bev Craig iwwerhëlt de Poste vum Andy Burnham, dee jo zanter dem 20. Juli neie Premierminister vu Groussbritannien ass. D'Labour-Partei huet déi virgezunne Buergermeeschterwal mat däitlechem Virsprong gewonn a 47 Prozent vun de Stëmmen erreecht.

reading time

1 min

Den Andy Burnham ass zanter dem 20 Juli neie Premierminister vu Groussbritannien. De Buergermeeschterposte vu Greater Manchester war domat fräi. | ©  EPA/NEIL HALL
Den Andy Burnham viru senger Ried virun der Downing Street Nr. 10 (Foto: EPA/NEIL HALL)

D'Auszielung war laang a komplizéiert, ma um Freidegowend ass den Numm vun der neier Buergermeeschtesch vu Greater Manchester bekannt gi: D'Bev Craig iwwerhëlt de Poste vum Andy Burnham, dee jo zanter dem 20. Juli neie Premierminister ass. 

D'Labour-Partei huet déi virgezunne Buergermeeschterwal mat däitlechem Virsprong gewonn a 47 Prozent vun de Stëmmen erreecht. Op déi zweet Plaz ass déi rietspopulistesch Partei Reform UK komm mat 21 Prozent. Déi Gréng hu mat 12 Prozent déi drëttmeescht Stëmmen erreecht.

D'Resultat confirméiert déi aktuell Popularitéit vum neie Premier. Gläichzäiteg weist sech awer och eng gewësse Politikverdrossenheet bei der brittescher Bevëlkerung: D'Walbedeelegung louch nëmme knapp iwwer 25 Prozent - den niddregste Wäert säit der Aféierung vun dësem Amt am Joer 2017.