Den Andy Burnham empfänkt dann haut och säin éischten auslännesche Staatschef: den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.
Zil wier et fir een Accord iwwer Dronen ofzeschléissen. Am Virfeld sot de brittesche Regierungschef schonn, d‘Ukrain kéint weider voll op d‘Ënnerstëtzung vu Groussbritannien zielen.
De Wolodymyr Selenskyj reest muer weider op Washington fir en Treffe mam US-President Donald Trump.