Gedrénks mat manner oder ouni Alkohol géifen ëmmer méi Bedeitung kréien, seet den Thomas Raiser vum weltwäit gréissten Happhändler BarthHaas.
Weltwäit manner Béier produzéiert
An Europa ass d’Produktioun ëm 1,6 Prozent op 51 Milliarde Liter zeréckgaangen. Däitschland a Polen hunn dobäi besonnesch op d'Resultat gedréckt. An Däitschland goufen nach 7,9 Milliarde Liter Béier produzéiert – bal sechs Prozent manner wéi am Joer virdrun. Domat bleift d'Land op der Plaz sechs vun de gréisste Béierproduzenten op der Welt (hanner China, den USA, Brasilien, Mexiko a Russland).
Och Nordamerika huet ee Minus gemaach: D'Produktioun ass do ëm 1,9 Prozent op 34 Milliarde Liter zeréckgaangen. A Südamerika (+1,7 Prozent) an Afrika (+2,6 Prozent) gouf dogéint méi Béier produzéiert.
Méi Happ produzéiert, wéi gebraucht
Déi weltwäit Ubaufläch fir den Happ ass ëm 5,5 Prozent zeréckgaangen op elo 52.660 Hektar. An trotzdeem soen Experten, datt d’Produktioun méi héich wier wéi de Besoin.
Fir dëst Joer rechent BarthHaas net mat enger Erhuelung. D'Produktioun kéint éischter nach liicht zeréckgoen