Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Astrid Sonne - Say You Love Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNWRA: Israel publizéiert weider Detailer

Noen Osten

UNWRA: Israel publizéiert weider Detailer

Israel publizéiert Detailer iwwer déi scheinbar Verwécklung vu Membere vum Palästinenser-Hëllefswierk UNRWA an d‘Attacke vun der islamistescher Hamas de 7. Oktober. Der israeelescher Regierung no sollen op d‘mannst 13 Membere vun der UNRWA un den Terror-Attacke bedeelegt gewiescht sinn.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Benjamin Netanjahu (Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch)

Virdru war nach vun 12 Membere rieds. Dës Donnéeë wieren awer och nach net komplett, heescht et weider vu Säite vun Israel. 10 vun den 13 Membere sollen och Membere vun der Hamas sinn, zwee vun der islamistescher Dschihad, an ee soll bei kenger Terrororganisatioun Member sinn.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet iwwerdeems haut betount, keng palästinensesch Terroristen am Tausch géint Geiselen an der Gazasträif fräiloossen ze wëllen. Am Kader vun den Diskussioune ronderëm ee Waffestëllstand am Krich am Noen Oste schafft déi islamistesch un enger Propos. Dat mat de Fuerderunge vun engem militäresche Réckzuch aus der Gazasträif, a vum Fräiloosse vun Dausenden inhaftéierten Extremisten .

Dës zwou Fuerderungen huet den israeeleschen Premier awer vehement ofgeleent.