Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNRWA-Hëllefswierk geréit ënner Drock

Hëllefswierk vun der UNO

UNRWA-Hëllefswierk geréit ënner Drock

D‘Palästinenserhëllefswierk vun der UNO geréit ëmmer méi ënner Drock. Israel hat de Vereenten Natiounen Informatioune geliwwert, iwwert eng méiglech Bedeelegung vun zwielef Mataarbechter um Massaker vun der Hamas an Israel de 7. Oktober. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Gehad Hamdy
(Foto: picture alliance/dpa | Gehad Hamdy)

D‘UNRWA huet déi concernéiert Employéen direkt entlooss. Eng Rei Länner hu wéinst dëse Reprochen hir Finanzéierung vun der Organisatioun gestoppt, dorënner d‘USA, Groussbritannien an Däitschland. 

Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet an engem Communiqué Konsequenze fir déi involvéiert Mataarbechter annoncéiert, hien huet awer och un déi Staaten appelléiert, déi hir Bäiträg gestoppt hunn, fir op d‘mannst de weidere Fonctionnement vum Hëllefswierk ze garantéieren, vun deem 2 Millioune Mënschen ofhänken, fir kënnen z‘iwwerliewen.

Iwwerdeems wiisst d‘Hoffnung fir e weidere Geisel-Austausch tëscht de Konfliktparteien. Wéi d‘New York Times mellt, hätten amerikanesch Negociateuren op Basis vu Propose vu béide Säiten en Entworf ausgeschafft, iwwert deen haut zu Paräis soll diskutéiert ginn. Dora wier virgesinn, datt d‘Hamas méi wéi 100 Geisele fräiléisst, an Israel dofir fir ronn zwee Méint seng militäresch Operatiounen an der Gazasträif stoppt.