Radioen

On air

Moiesstudio  |  Martine Kleinberg

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Humanitär Gidder fir d'Gazasträif - Rishi Sunak um Wee an Israel

Aktuell Entwécklungen am Noen Osten

Humanitär Gidder fir d'Gazasträif - Rishi Sunak um Wee an Israel

Ägypten soll dem US-President Joe Biden verséchert hunn, datt e puer Camione mat humanitäre Gidder iwwer de Grenziwwergang zu Rafah an d‘Gazasträif däerfe fueren. Israel wëll déi Camionen net behënneren.

auto_stories

3 min

© picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
(Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Fir unzefänke wieren et eng 20 Camion, esou de Biden. Si ginn awer net viru muer, Freideg, erwaart. Weider Camione kéinten nokommen. Sollt d‘Liwwerung awer vun der radikaler Hamas confisquéiert ginn, wier et eriwwer, esou seng Warnung. De Grenziwwergang vu Rafah gëllt aktuell als eenzege Wee iwwert den Hëllef an d‘Gazasträif ka kommen.

UNO schléit Alarm

Den UNO Generalsekretär Antonio Gueterres reest dann haut an Ägypten. Hien huet eng Entrevue mam Staatschef Abd al-Fattah as-Sisi. Och do geet et ëm d‘Ouverture vum Grenziwwergang vu Rafah.

Den UNO Nouthëllefskoordinateur huet gëschter nach eemol Alarm geschloen. Een direkten Zougang fir Hëllefsgidder an d‘Gazasträif wier direkt néideg. Et missten op d‘mannst 100 Camionen den Dag eran, sot hien.

Och de Rishi Sunak um Wee an Israel

D‘Zerstéierung vum Spidol en Dënschdeg den Owend hätt den Drock op de ugeschloenen Gesondheetssystem weider erhéijt. Nach ass net kloer, vu wiem déi Rakéit koum. Den US-President Joe Biden huet gëschter erkläert, Israel wier wuel net responsabel, d‘Rakéit wier héchstwarscheinlech vun engem terroristesche Grupp zu Gaza fort geschoss ginn. Wéi vill Leit ëm d‘Liewe komm sinn ass och nach net gewëss.

D'Spidol zu Gaza, wat vun enger Rakéit getraff ginn ass. | © picture alliance/dpa | Mohammad Abu Elsebah
D'Spidol zu Gaza, wat vun enger Rakéit getraff ginn ass. (Foto: picture alliance/dpa | Mohammad Abu Elsebah)

Nom Joe Biden gëschter ass aktuell de brittesche Premier Rishi Sunak um Wee an Israel. Hien huet Entrevuë mam Premier Benjamin Netanjahu an dem President Izchak Herzog. Dono reest de Sunak a weider Haaptstied an der Regioun. Bei all deem geet et drëm, eng Ausbreedung vum aktuelle Krich ze verhënneren.