Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO rifft Israel an Hisbollah op, fir d‘Situatioun am Libanon ze deeskaléieren

Noen Osten

UNO rifft Israel an Hisbollah op, fir d‘Situatioun am Libanon ze deeskaléieren

Israel dierft och keng grouss Buedemoffensive am Libanon géif lancéieren. Mee all Iwwerschreidung vun der Grenz wier e Verstouss géint d‘Souverainetéit an déi territorial Integritéit vum Libanon.

auto_stories

1 min

UNO | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

Der israeelescher Arméi no géife just Ziler an Infrastrukture vun der Hisbollah am Süde vum Libanon attackéiert ginn. Mam Zil, fir d‘Hisbollah aus dem Grenzgebitt ze verdreiwe fir datt déi ronn 60.000 Bierger aus dem Norde vun Israel erëm zeréck an hir Haiser kéinte goen.

D'UNO huet iwwerdeems een Appell gemaach fir dréngend Sue fir d‘Mënschen am Libanon ze spenden. Et géife 426 Milliounen Dollar fir direkt Hëllef gebraucht gi fir d‘Leit, déi wéinst de Bombardementer vun Israel an der Hisbollah fortgelaf sinn. D‘UNO schätzt, datt ronn eng Millioun Mënschen an de leschte Méint verdriwwe gi sinn. Zënter der israeelescher Agressiounswell virun zwou Woche wieren 1.000 Zivilisten ëmkomm.