Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Flamingods - Tall Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNO Vollversammlung dominéiert vun der Eskalatioun tëscht Israel an Hisbollah

Vereent Natiounen

UNO Vollversammlung dominéiert vun der Eskalatioun tëscht Israel an Hisbollah

Bei der UNO-Vollversammlung zu New York fänkt de Mëtteg eiser Zäit d‘Generaldebatt un. Zum Optakt wäert den US-President Joe Biden seng viraussiichtlech lescht Ried a senger Amtszäit bei der UNO halen. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet zu New York eng Ried um sougenannten Zukunftsommet vun der UNO gehalen.

auto_stories

2 min

Foto: ME

A senger Ried huet de Luc Frieden déi vill Konflikter an der Welt ugeschwat, an datt et weltwäit ëmmer méi Verstéiss géint Grondrechter géif ginn. De Premier hätt betount, datt um Niveau vun der UNO misst zesummegeschafft ginn. Kee Land wier eleng kapabel, déi aktuell Defien ze léisen, esou e Communiqué vum Staatsministère. 

Bei der Generaldebatt vun der UNO-Vollversammlung wäerten an den nächsten Deeg eng 120 Staats- a Regierungscheffe Rieden halen, dorënner de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel.

Dominéiert gëtt d'UNO Vollversammlung vun der aktueller Eskalatioun vum Krich tëschent Israel an der Hisbollah-Miliz am Libanon. 

Déidlechst Attack géint Hisbollah zanter bal 20 Joer

De Libanon mellt op d'mannst 492 Doudeger an iwwer 1.600 Blesséierter bei den déidlechsten israeeleschen Attacke géint d'Hisbollah-Miliz zanter bal 20 Joer. Ënner den Doudesaffer wiere 35 Kanner, esou de libaneesesche Gesondheetsministère. Am Süde vum Libanon gëtt et eng Masseflucht, Dausende Famille sinn amgaange sech a Sécherheet ze bréngen. Déi israeelesch Arméi sot, si hätt bis elo 1.300 Ziler vun der Hisbollah getraff. Déi géigesäiteg Attacke gi virun. Israel gräift weider Ziler vun der Hisbollah am Süden an am Oste vum Libanon un. D'Hisbollah huet hirersäits nees Dosende Rakéiten op Israel geschoss.

D'Vereenten Natiounen, d'USA an aner westlech Länner hu béid Säiten opgeruff, eng weider Eskalatioun vum Krich ze verhënneren. Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres sot, hie wier besuergt iwwer déi héich Zuel vun zivillen Affer am Libanon.