Änlech Texter sinn a de leschte Wochen op déi selwecht Manéier echouéiert. D‘USA hu sech ëmmer hannert Israel gestallt an argumentéieren, datt esou Resolutiounen déi aktuell diplomatesch Efforten op der Plaz courtcircuteieren.
Op der anerer Säit kënnt ee vehementen Appell vum UNO Welternährungeprogramm. De Vizedirekter vun deem Programm war op der Plaz, an der Gazasträif, an huet op X vun enger katastrophaler Situatioun geschriwwen. D‘Leit hätten net genuch ze iessen, d‘Versuergung vun der ziviller Populatioun géif virum Kollaps stoen. Hien huet méi Hëllefsgidder an een humanitäre Waffestëllstand gefuerdert.