Aus engem neie Rapport geet ervir, datt ukrainesch Zaldoten a russesche Prisonge méintelaang gefoltert géife ginn. Et geet Rieds vu systemateschen a wäit verbreete Mësshandlungen. Ënnert anerem gëtt de Fall vun engem Mann thematiséiert, deen zanter senger Fräiloossung 36 Mol hätt missten operéiert ginn, wéinst de Schied, déi hien duerch säin Traitement an engem russesche Prisong dovu gedroen huet.
Donieft wieren och Zivilisten an Zivilistinnen Affer vu Folter a sexuelle Verbrieche ginn. Mam andauernde Bombardement vun ziville Gebaier an dem ëmbrénge vun Zivilisten hätt déi russesch Arméi och géint dat humanitäert Vëlkerrecht verstouss.