Radioen

On air

Tockcity  |  Röyksopp, Fever-Ray, True Electric - What Else Is There? (Trentemoller Remix)

play_arrow Live
search

/ UNO-Mënscherechtsrot fuerdert een Enn vun de Waffeliwwerungen un Israel

Lëtzebuerg ass dofir, Däitschland net

UNO-Mënscherechtsrot fuerdert een Enn vun de Waffeliwwerungen un Israel

De Mënscherechtsrot vun der UNO huet een Enn vu Waffeliwwerungen un Israel gefuerdert. Lëtzebuerg war ee vun 28 Staaten, déi zu Genf fir dësen Text gestëmmt hunn.

auto_stories

1 min

UNO Mënscherechtsrot | © picture alliance/dpa | Hannes P Albert
UNO Mënscherechtsrot (Foto: picture alliance/dpa | Hannes P Albert)

Doran heescht et, een Enn vun de Waffenexporter wier néideg fir ënnert anerem weider Mënscherechtsverletzungen ze verhënneren.

Däitschland war géint een Enn vun de Waffenexporter un Israel. Ënnert anerem Frankräich huet sech bei der Resolutioun enthal.