Radioen

On air

Resonanzen  |  Bach, Barock a Berlin? Net nëmmen!

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO: Positiv Signaler aus Syrien - Opruff wat d'Flüchtlingen ugeet

No der Chute vum Assad-Regimm

UNO: Positiv Signaler aus Syrien - Opruff wat d'Flüchtlingen ugeet

Fir den UNO-Emissaire fir Syrie wiere bis elo positiv Signaler vum Islamiste-Rebellegrupp HTS, dee jo zu der Chute vum Assad-Regimm geféiert huet, komm. Den HTS an déi aner arméiert Gruppen hätten der syrescher Populatioun positiv Message geschéckt. Elo missten och konkret Akten um Terrain nokomme.

auto_stories

1 min

UNO | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

De Chef vun der HTS-Grupp, den Abu Mohammad al-Dscholani sot, et géif eng Lëscht publizéiert gi mat den Nimm vu Responsabelen ënnert dem Assad-Regimm fir Folter a Mord géint dat syrescht Vollek.

Iwwerdeems huet Israel weider Ziler a Syrien ugegraff. Israel hätt iwwer 100 Loftattacken op militäresch Sitten a Syrie lancéiert, esou d‘ONG Syreschen Observatoire fir Mënscherechter mat Sëtz zu London.

Israel huet erkläert, duerch déi Attacke soll verhënnert ginn, datt Waffen an d‘Hänn vun Extremiste falen. 

Opruff vun der UNHCR

D‘Flüchtlingshëllefswierkvun der UNO rifft d‘Länner iwwerdeems op, keng syresch Flüchtlingenzeréckzeschécken. Déi Flüchtlinge solle weiderhin d‘selwechttraitéiert ginn, wéi aner Asyldemandeuren. Op kee Fall sollesyresch Asyldemandeuren expulséiert ginn. D‘Lag amBiergerkrichsland Syrie wier nach ze onstabil, fir elo schoFlüchtlingen dohin zeréckzeschécken, sou den UNHCR zu Genf.