D‘Rettungsdéngschter konnten nach Passagéier aus der Maschinn eraushuelen. Et gi sécher zwee Iwwerliewender, et wieren zwee Member vum Equipage.
De Fliger, dee vu Bangkok aus koum, ass um Bauch gelant an dunn an eng Mauer geknuppt, a Brand geroden. En ass praktesch komplett zerstéiert ginn.
Warscheinlech gouf den Accident duerch eng Kollisioun mat Vullen an duerch eng schlecht Meteo verursaacht. Mee d’Enquête ass nach net ofgeschloss, huet de Chef vun de lokale Pompjeeën der Press matgedeelt.