Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ NATO verstäerkt Presenz am Baltesche Mier

No Beschiedegung u Kabel

NATO verstäerkt Presenz am Baltesche Mier

D‘NATO verstäerkt hir Presenz am Baltesche Mier. Dat huet den NATO-Generalsekretär Mark Rutte haut um Freideg annoncéiert, nodeems virgëschter nees Ënnerwaasserkabelen tëscht Finnland an Estland beschiedegt goufen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

Betraff sinn zwee Stroumkabelen tëscht Finnland an Estland. E Pëtrolsschëff, dat aus engem russeschen Hafe koum, soll fir déi Beschiedegung responsabel sinn.

Estland huet annoncéiert, datt déi Stroumverbindung elo mat Patrulle geschützt gëtt.

Finnland an Estland sinn NATO-Memberstaaten.