Radioen

On air

Resonanzen  |  Resonanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO-Geriicht: Israel dierf kee Vëlkermord begoen

Noen Osten

UNO-Geriicht: Israel dierf kee Vëlkermord begoen

Dat héchst UNO Geriicht verlaangt vun Israel, all Mesuren ze huelen, fir e Vëlkermord an der Gazasträif ze verhënneren. D'Geriicht erkennt un, datt eng Gefor vu Genozid besteet. D‘Geriicht verlaangt awer net, datt Israel direkt mat senger Militäroffensiv ophält.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin
(Foto: picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin)

 D‘Riichter vum internationale Geriichtshaff zu Den Haag hunn de Mëtteg éischt Decisiounen an der Vëlkermordprozedur vu Südafrika géint Israel decidéiert. Israel misst Mesuren huele fir palästinensesch Zivilisten an der Gazasträif besser ze schützen, esou d‘Geriicht.

 Südafrika wërft Israel Vëlkermord vir a berifft sech dobäi op op d'UN-Vëlkermordkonventioun. Israel huet gefuerdert, datt den Internationale Geriichtshaff dëse Virworf verwërft. Dat wäert awer net geschéien, den IGH seet, datt de Virworf vu Südafrika recevabel ass. Bis an dësem Haaptvirworf eng Decisioun geholl gëtt, kann et awer jorelaang daueren.

Déi palästinensesch Autoritéiten hunn d‘Decisioune vum Geriicht begréisst. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu sot an enger éischter Reaktioun, Israel géif sech a seng Bierger weider verdeedegen a sech dobäi u internationaalt Recht halen a leent d'Virwërf vu Vëlkermord weiderhin of.

D‘Decisioune vum héchsten UNO-Geriicht si bindend, mee d‘Geriicht ka se net duerchsetzen. Si bedeiten awer ee wichtegt politescht Signal fir Israel. 

Zu Lëtzebuerg hunn déi Lénk op d'Urteel vum Internationale Geriichtshaff reagéiert. D‘Geriicht hätt confirméiert, datt de Risiko vu Vëlkermord an der Gazasträif besteet, esou de Communiqué vun déi Lénk. D‘Wuert "Genozid" dierft deemno net méi Tabu si bei der gesellschaftlecher a politescher Debatt zu Lëtzebuerg iwwert de Krich an der Gazasträif.