arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNICEF schléit Alarm: Kanneraarmut huet Konsequenze fir d'Gesondheet vun de Kanner

Aarmut

|
reading time

1 min

UNICEF schléit Alarm: Kanneraarmut huet Konsequenze fir d'Gesondheet vun de Kanner

D‘UNICEF schléit an engem internationale Rapport Alarm wéinst dem Impakt vun ekonomeschen Inegalitéiten op Kanner an de räiche Länner. Zu Lëtzebuerg géife ronn 24 Prozent vun de Kanner ënnert der Aarmuts-Risiko-Grenz liewen.

reading time

1 min

UNICEF Protect Children | © UNICEF / UNI443216
UNICEF Protect Children (Foto: UNICEF / UNI443216)

D'Inegalitéite bei de Revenue hätten iwwerdeems tëschent 2012 an 2022 zougeholl, heescht et nach am Communiqué vun UNICEF. A 44 Länner vun der OECD, déi d‘UNICEF ënnersicht huet, géif d‘Kanneraarmut an d‘Chancen-Ongläichheet fir Kanner aus Famille mat manner héije Revenuen e grousse Problem bleiwen, esou de Rapport.

Déi betraffe Kanner hätten net just manner gutt Resultater an der Schoul mee och hir mental a physesch Gesondheet géif u den Inegalitéite leiden.

D'lescht Woch huet d'EU-Kommissioun eng nei Strategie virgestallt. An hirem Rapport koum eraus, datt d'Aarmut bei Kanner zu Lëtzebuerg mat engem Taux vun 25 Prozent héich ass.