Den Aarbechtsminister Marc Spautz sot bei der Presentatioun vum Joresrapport 2025 vun der ADEM, datt d’lescht Joer wuel besser war, wéi 2026 wäert ginn. D’ADEM hätt d’lescht Joer eng gutt Aarbecht geleescht, sot den CSV-Politiker, deen zouversiichtlech ass, de Problem vum Chômage an de Grëff ze kréien.
Eppes wat een awer net vun hei aus lenken kéint wier déi ekonomesch Entwécklung, well hei géifen och déi international Krittäre mat ran spillen, esou den Aarbechtsminister.
"An deemno wéi laang d’Strooss vun Hormus nach zou ass, wäerten ëmmer méi Secteuren dovu betraff sinn, well dann och de Chômage technique erëm wäert kommen, well an deenen éischte Secteure fänken d’Liwwerschwiregkeeten un, dass dat och eng Entwécklung wäert op de Chômage hunn.”
Zejoert ware bei der ADEM iwwer 42.000 Leit ageschriwwen, an iwwer 26.000 Leit krute Chômageindemnitéiten.