search

/ UNESCO-Weltphilosophiedag

fräie mikro

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

UNESCO-Weltphilosophiedag

Wéi all drëtten Donneschdeg am November feiert d’UNESCO dëst Joer erëm de Weltphilosophiedag. 2025 ënner dem Titel "The Values of Societies of the Future". Fokus ass d’Ongläichheet an d’Fro, wéi eng Wäerter eis Gesellschafte vu muer solle leeden. Dozou e Fräie Mikro vum Philosoph Jean-Luc Thill.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Jean-Luc Thill | © Chris Zeien
Jean-Luc Thill (Foto: Chris Zeien)

Mir schwätzen dacks iwwer d’Zukunft: Iwwer Technologie, Wuelstand a Sécherheet. Méi seelen awer iwwer d’Fro: Wéi eng Wäerter sollen an Zukunft gelieft ginn?    

De Weltphilosophiedag 2025 stellt genee dës Fro an de Fokus: D’Wäerter vun de Gesellschaften an der Zukunft – am Liicht vun enger ëmmer méi grousser Ongläichheet. An hirer Keynote freet d’Philosophin Ingrid Robeyns provokativ, ob et net eng moralesch Grenz no uewe soll ginn, also wéi vill räich een Eenzelen iwwerhaapt dierf sinn - kuerz: De Limitarianismus.

Wéi vill Ongläichheet hält eng Demokratie aus?

D’Fro hannendrun ass simpel, mee brutal: Wéi vill Ongläichheet hält eng Demokratie aus, ouni vu bannen eraus erodeiert ze ginn?

Mir hei zu Lëtzebuerg liewen ouni Krich, ouni Bommen, ouni Panzere virun der Dier. Awer gläichzäiteg gesi mir Präisser, déi duerch de Plafond ginn. Leit, déi mat zwou Aarbechtsplazen nach ëmmer kämpfen, a jonk Mënschen, déi sech froen, ob se sech iwwerhaapt nach eng Wunneng kënne leeschten. Ongläichheet ass net nëmme Statistiken – si kritt e Gesiicht, e Virnumm, eng Noperschaft.

Nach kee neie moralesche Kompass

D’UNESCO schwätzt an deem Kontext vun "civilisational crossroads": Mir loosse grad e Modell vu blannem Wuesstem a Konsum hanner eis, mee hunn nach keen neie moralesche Kompass, wat dono komme soll.   

An do kënnt d’Philosophie an d’Spill. Philosophie mécht net automatesch d’Welt besser. Si liwwert keng "App" géint Ongerechtegkeet. Mee si stellt déi Froen, déi keen anere Beruff esou onbequeem a esou konsequent stellt:

– Wie profitéiert vun de Strukturen, a wie bezilt de Präis?
– Wéi vill ass "genuch" – net nëmme fir déi Aarm, mee och fir déi Räich?
– A wat bedeit "Fridden", wann eng Majoritéit formal sécher lieft, mee vill sech trotzdeem permanent bedrot spieren – vum Konto, vum Klima, vun der nächster Kris?

Wéi stelle mir eis eng Gesellschaft vir, an där mënschlecht Liewe wierklech opbléie kann?

An där Diskussioun geet et net nëmmen ëm Steiersätz a Sozialtransferten, mee ëm e méi déiwe Punkt: Wéi stelle mir eis eng Gesellschaft vir, an där mënschlecht Liewe wierklech opbléie kann? D’Philosophin Robeyns schwätzt vu Systemer, déi net nëmme Profit, mee human flourishing, Solidaritéit an ökologesch Verantwortung an den Zentrum stellen. 

Dat kléngt grouss, bal abstrakt. Awer et fänkt kleng un:

– Wann ech mech froen, wéi vill "genuch" fir mech ass.
– Wann ech beim Walziedel net nëmme kucken, "wat bréngt et mir?", mee "wat mécht et mat eis alleguer?"
– Wa mir eis trauen, am Alldag Froen ze stellen, wou anerer nom Wittgenstein sengem Motto léiwer de Bak halen.

De Weltphilosophiedag ass keng akademesch Folklore, mee eng Invitatioun: Fir eng kleng Paus an der Dauerschleef vu Breaking News, Push-Matdeelungen a Klengen-Emotiouns-Explosiounen an de soziale Medien. Fir erëm ze léieren, ze staunen – net nëmmen iwwer de Stärenhimmel, mee iwwer d’Fro, wéi et ka sinn, datt e puer Milliardäre sinn, an aner Leit nach ëmmer u Basisbedierfnesser feelen.

Nees ufänken ze froen, ze zweifelen an nozedenken

Philosophie heescht an där Situatioun net: Sech aus der Welt zeréckzéien. Am Géigendeel: Si ass eng Form vu Resistenz géint d’Iddi, et misst "just esou" bleiwen, well et ëmmer schonn esou war. Si erënnert eis drun, datt d’Zukunft net einfach "geschitt", mee gemaach gëtt – duerch Gesetzer, duerch Decisiounen, mee och duerch dat, wat mir fir normal, fir gerecht, fir akzeptabel halen.

De Weltphilosophiedag stellt eis am Fong eng ganz simpel, awer onangeneem Fro: Wëllt Dir d’Zukunft wierklech den Algorithmen, de Mäert an deenen "et ass halt esou"-Argumenter iwwerloossen?

Oder huele mir eis – op d'mannst fir haut – déi zwou bis dräi Minutten Zäit, fir erëm unzefänken: Ze froen, ze zweifelen, nozedenken?

Vläicht ass genee do de klengsten, mee wichtegste Gest vun engem neie Fridden: Net nëmmen d’Waffe rouen, mee och d’Käpp nees erwächen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren