Den Text gouf ugeholl mat de Stëmme vun 120 Länner, dorënner där vu Lëtzebuerg.
Kritik un der Resolutioun gouf et, well d’Hamas doran net ausdrécklech ernimmt a fir hir terroristesch Attack verurteelt gëtt. Hätt den Text just vun der Hamas geschwat, wier mat der arabescher Welt keen Accord ze fanne gewiescht, erkläert den Ausseminister Jean Asselborn.
Asselborn: Iwwerschrëft vun der Resolutioun seet alles
Den Ausseminister erënnert dann drun, wat am Fong den Objet vun der Resolutioun ass:
“Dir musst nëmmen d’Iwwerschrëft kucken, da gesitt der ëm wat datt et geet: Protection des civils et respect des obligations juridiques et humanitaires. An ech mengen dat seet alles.”
Humanitär Hëllef an der Gaza-Sträif méiglech maachen, dorëms géif et also goen. An dofir hätt Lëtzebuerg zougestëmmt, sou wéi, op EU-Säit, zum Beispill och d’Belsch, Slowenien, Spuenien an Irland dat gemaach hunn.
D’Hamas gëtt ausdrécklech verurteelt
Am Numm vun deene fënnef Länner huet den iresche Vertrieder an der UNO-Vollversammlung nom Vott eng Erklärung ofginn, an do d’Hamas och ausdrécklech verurteelt:
“Virun allem wëlle mer nach eng Kéier betounen, datt mer déi brutal terroristesch Attacke vun der Hamas op Israel, de 7. Oktober, op d’schäerfst verurteelen”
Geplangt war eenheetlech Enthalung vun der EU
Datt d’EU eemol méi net mat enger eenheetlecher Positioun opgetrueden ass, wier net vu vir eran esou geplangt gewiescht, erkläert de Jean Asselborn:
“Et war am Gespréich, datt d’Europäesch Unioun sech géif generell abstenéieren. Dozou ass et awer ni komm, well 4 Länner, Éisträich, Tschechien Ungarn a Kroatien, gesot hunn: Egal wat elo geschitt, mir stëmmen dogéint"
Domat war d’Enthalung als gemeinsam EU-Positioun vum Dësch.