Dat huet d‘EU-Agence an der russescher Haaptstad haut annoncéiert. Ënnert dem Slogan „Kino vereent“ wäerten 21 Filmer aus EU-Länner zu Moskau gewise ginn, dorënner och déi Lëtzebuerger Co-Produktioun „Fire Will Come“ vum Óliver Laxe, déi 2019 zu Cannes an der Kategorie „Un Certain Regard“ ausgezeechent gi war.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Trotz Ugrëffskrich EU-Filmfestival zu Moskau
EU-Filmfestival
Trotz Ugrëffskrich EU-Filmfestival zu Moskau
Trotz dem russeschen Ugrëffskrich géint d‘Ukrain organiséiert d‘Europäesch Unioun iwwerdeems no engem Joer Paus am November nees e Filmfestival zu Moskau.
auto_stories
1 min