/ Trotz Kritik un Offensiv zu Rafah: USA liwwert weider Waffen un Israel
Noen Osten
Trotz Kritik un Offensiv zu Rafah: USA liwwert weider Waffen un Israel
Obwuel d‘USA Bedenken hu géint déi geplangten israeelesch Offensiv op déi palestinensesch Stad Rafah, liwwere si weider Waffen a Milliardenhéicht. D‘Washington Post mellt, datt d‘Regierung vum Joe Biden an de leschten Deeg ganz diskret Bommen a Kampffliger fir Israel accordéiert huet.
Jo Diseviscourt (Foto: U.S. Secretary of Defense / Flickr)
Dat géif weisen, datt d‘USA Waffeliwwerungen net als Moyen gesinn, fir Drock op den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu auszeüben.
De Benjamin Netanjahu huet elo gréng Luucht ginn, fir nei Gespréicher iwwert eng Wafferou, déi nächst Deeg zu Doha oder Kairo. Dat huet säi Büro matgedeelt.
An de leschte Méint goufen et schonn e puer Gespréichsronnen, ouni Resultater awer. D‘Protagoniste geheien een dem anere vir, ze blockéieren.