D‘Relatioune waren an der Lescht ënner anerem wéinst der Taiwan-Fro ugespaant. D‘USA wëlle virun allem eng Normaliséierung vun de Relatiounen a verhënneren, datt aus engem Konkurrent e Konfliktgéigner gëtt.
De Biden huet dann och ugekënnegt hie wier schonn zefridde wann een nees normal géing matenee schwätzen. Nieft den Handelsrelatiounen dierften déi politesch Situatioun ronderëm Taiwan, den Ukrain-Konflikt an d‘Kris am Noen Osten Haapttheme sinn.