search

/ Treffen Trump - Selenskyj: Keen Duerchbroch

Krich an der Ukrain

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Treffen Trump - Selenskyj: Keen Duerchbroch

A sengem Privatclub a Florida huet den Donald Trump säin ukrainesche Géigeniwwer Wolodymyr Selenskyj empfaangen, fir iwwer e Friddensplang ze schwätzen. Et gëtt Progrèse soen si, mee Russland bougéiert iwwerhaapt net.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Trump a Selenskyj zu Palm Beach | ©  EPA/PRESIDENTIAL PRESS SERVICE
Trump a Selenskyj zu Palm Beach (Foto: EPA/PRESIDENTIAL PRESS SERVICE )

Den Donald Trump - ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt - huet laang mam russesche President Wladimir Putin telefonéiert. Opgeluecht hu si eréischt kuerz virum Selenskyj senger Arrivée zu Mar-a-Lago, dem Trump sengem Domaine an der Sonn vu Florida. Vun deem Uruff hat keen dem Selenskyj eppes virdru gesot. Et war dem Trump seng Iddi, seet de Kreml.

Moskau bleift stuer

An deen Uruff huet nees gewisen datt, egal wéi dacks déi ukrainesch an amerikanesch Delegatiounen sech treffen, Moskau bleift stuer. An den Donald Trump gëtt frustréiert, well hie wëllt de Fridde schafen. De Selenskyj ass prett eppes opzeginn, de Putin net. Esou huet den ukrainesche President eng Bereetschaft mat a Florida bruecht fir eng entmilitariséiert Zon am Oste vun der Ukrain ze schafen, op der aktueller Front. Russland géif also Deeler vum Land, déi den Ament vu sengen Truppe besat sinn, hale kënnen. Dat ass awer, wéi et schéngt, net genuch fir Moskau Richtung Fridden ze lackelen.

Accord steet zu 90 Prozent? Awer ouni den Ok vu Moskau

Näischt Konkreetes konnte Selenskyj an Trump hei annoncéieren. Ausser, datt en Accord hirer Meenung no zu 90 oder esouguer 95 Prozent steet. En Accord, deen awer nach den Ok vu Moskau bräicht.

Sécherheetsgarantië vun den USA fir d'Ukrain, déi si bal fäerdeg am Ofkommes, seet de Selenskyj. Esou sollen d’USA d’Ukrain militäresch verteidegen, wann et no engem Friddensaccord zu weidere russeschen Ugrëff sollt kommen. Eng Zort NATO-Garantie ouni Antrëtt an der NATO fir d’Ukrain. Och do kritt Russland eppes ugebueden.

Si wëllen a Kontakt bleiwen. D’Delegatioune solle sech weider treffen. D’Ugrëff vu Russland op d’Ukrain gi weider.

Eng Korrespondenz vum Philip Crowther

play_arrow Lauschteren