Schonn de leschte Freideg hat eng russesch Präzisiounsbomm d’Konsulat zu Slowjansk an der Regioun Donezk getraff. Bei deem Konsulat soll et sech ëm déi eenzeg europäesch Representatioun an der Regioun handelen, déi permanent besat ass.
EU bewäert Attack als "seriö Eskalatioun"
D’Abestelle vum russesche Vertrieder wier als Deel vun der EU-Äntwert op russesch Droneflig am rumänesche Loftraum an op d’Zerstéierung vum lettesche Konsulat unzegesinn, huet en Dënschdeg de Mëtteg de Spriecher vum EU-Aussendéngscht, den Anouar El Anouni, erkläert.
"Dëse rücksichtslosen Akt ass een Zeeche vun enger seriöer Eskalatioun vu Säite vu Russland an ass eng Menace fir Europäesch Bierger, d’Stabilitéit an der Regioun an den internationale Fridden."
Rumänien a Lettland kéinten op voll Solidaritéit an Ënnerstëtzung zielen an d’EU géif sech viru fir de Fridden an der Ukrain asetzen, esou de Porte Parole.
Aussebeoptragt Kaja Kallas huet nei Sanktioune proposéiert
D’EU-Aussebeoptragt hätt an der Tëschenzäit eng nei Propose fir weider Sanktioune géint Russland op den Dësch geluecht. D’Kaja Kallas hat schonn e Freideg annoncéiert, si géif de russesche Vertrieder abestellen. Firwat gouf bis en Dënschdeg gewaart?
"Mir hu gesot, mir géifen et maachen a mir hunn et gemaach."
Sot dozou de Kommissiounsspriecher. Dee neie Sanktiounspak kéint iwwerdeems méi ewéi 1.600 Entitéiten am Viséier hunn, déi der russescher Militär-Industrie gehollef. Dat mellt Bloomberg.
Et wier dat déi längste Lëscht vu sanktionéierten Entitéiten, iwwer déi sech d’EU bis elo eens ginn ass. Dee Pak dierft awer fréiestens am Hierscht adoptéiert ginn.