An der Géigend vu Moskau wieren awer fënnef Mënschen duerch ukrainesch Dronenattacken ëm d'Liewe komm. Russland gehäit der Ukrain vir, bewosst Zivilisten attackéiert ze hunn.
Och an der Ukrain goufen et nees Doudeger: Op d'mannst véier Mënsche si bei russeschen Attacken ëm d'Liewe komm, dorënner zwee Meedercher vu 5 an 10 Joer.
Schéisserei op der Krim
Ee russeschen Zaldot soll op der Hallefinsel Krim ronderëm sech geschoss hunn an dobäi véier Mënschen ëmbruecht hunn. Fir d'éischt soll hien op Komerode geschoss hunn, an dobäi een déidlech getraff hunn. Duerno soll hien am Nopeschduerf dräi Zivilisten erschoss hunn.
De Mann gouf festgeholl. Iwwer säi Motiv ass nach näischt gewosst.