Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lescop - L'Hiver Sur Tes Lèvres

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tram: Neien Tronçon bis bei de Stadion gëtt getest

Ouverture ass am Juli

Tram: Neien Tronçon bis bei de Stadion gëtt getest

Haut um Freidegmoie gëtt déi nei Tramsstreck a Richtung Stade de Luxembourg eng éischte Kéier getest. Vun 8 Auer u fiert den Tram ouni Passagéier am Schrëtttempo vum Arrêt Lycée Bouneweg bis bei de Stade de Luxembourg an erëm zeréck.

auto_stories

1 min

Tram | © Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
Foto: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

A Presenz vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Buergermeeschter vun Hesper Marc Lies, fiert den Tram da vun 8 Auer un, nach ouni Passagéier, am Schrëtttempo vum Arrêt Lycée Bouneweg bis bei de Stade de Luxembourg an erëm zeréck. Dës Tester gi gemaach fir sécherzestellen, datt et op deem neien Tronçon keng Hindernisser ginn.

Dës Testphas soll awer kee gréisseren Impakt op de Beruffstrafic moies hunn, seet de Carlo Hentzen, Directeur de l’exploitation. Op de betraffene Kräizunge gëtt den Trafic wéi gewinnt mat roude Luuchte gereegelt. D‘Waardezäit kann hei awer ëmmer e puer Minutte méi laang daueren, wéi am normalen.

“Dofir ass och d’Police mat dobäi fir ze kontrolléieren, datt dat propper iwwer d’Bün geet.”

Déi offiziell Ouverture vun deem neien 3,7 Kilometer laangen Tronçon ass fir de 7. Juli virgesinn. Bis dohi lafe weider Testphasen, wärend deenen all zweeten Tram ouni Passagéier weider bis bei de Stade de Luxembourg fiert.