Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tourismus am Mëllerdall: Vum saisonalen Denken ewechkommen

Fräizäit

Tourismus am Mëllerdall: Vum saisonalen Denken ewechkommen

Am Mëllerdall probéiert den Tourismusverband ORT Mëllerdall zënter zwee Joer aktiv, fir och an de Wanterméint Visiteuren unzelackelen. Et wëllt ee vum Saisonsdenken ewechkommen an d'ganzt Joer attraktiv fir Touriste sinn.

auto_stories

4 min

headphones

8 min

Mëllerdall | © Michelle Barthel play_arrow
Mëllerdall (Foto: Michelle Barthel)

D'Pressespriecherin vum ORT Mëllerdall, d'Marianne Origer, erkläert am 100,7-Interview, datt virun zwee Joer e Masterplang opgestallt gouf fir déi nächst 12 Joer, also nach bis 2035. Ënner anerem ass doranner virgesinn, datt d'Wantersaison am Mëllerdall méi attraktiv soll gestallt ginn. Effektiv géing ee gesinn, datt och an de Wanterméint Leit de Wee an déi "kleng Lëtzebuerger Schwäiz" fannen.

"Mir hunn d'Zuele vum Müllerthal Trail a mir gesinn, datt do och an deene Méint Januar a Februar ganz vill Leit an der Regioun ënnerwee sinn. Dofir war et eis wichteg, och dee Punkt mat an de Masterplang ze huelen, fir déi klassesch Saison einfach ze verlängeren."

Et wier een net méi just eng Destinatioun, déi vun Abrëll bis Oktober attraktiv wier, mee dat ganzt Joer iwwer, esou d'Marianne Origer. Ganz vill Betriber wieren an där Zäit mëttlerweil och schonn op, zum Beispill Campinger, Hoteller, oder Jugendherbergen. Déi hätten och effektiv gutt Zuelen am Wanter.

"Dat heescht, et sinn am Wanter Leit do, an et sinn am Wanter och Leit, déi gär hätten, datt eppes ugebuede gëtt an der Regioun."

E sensibelt Gebitt

D'lescht Joer hat den ORT iwwer 206.000 Arrivéeën an der Regioun gezielt. Dat waren der 30.000 méi wéi dat Joer virdrun. De Label vum UNESCO Global Geopark, deen den Naturpark Mëllerdall zënter dräi Joer huet, hat sécherlech een Afloss dorop, mengt d'Marianne Origer.

"Dat ass natierlech een immenst Aushängeschëld, wann een esou een UNESCO-Label huet an zu de Global Geoparks op der Welt gehéiert. Dat weist och eng Kéier méi, wéi wichteg datt d'Geologie och ass an eiser Regioun. Déi impressionnant Fielsformatiounen ass awer eppes, firwat datt vill Leit bei eis an d'Regioun och kommen."

Viru bal 6 Joer goufen et staark Iwwerschwemmungen hei am Land. Och am Mëllerdall gouf et deemools ganz vill Schued. Duerno koum d'Corona-Pandemie. Béides war fir den Tourismussecteur e ganz haarde Schlag. Aktuell géingen ëmmer nach verschidden Aarbechtsgruppe lafen, och fir verschidde Chantieren nach ze behiewen, erkläert d'Pressespriecherin vum ORT. Dat géing awer net ëmmer esou séier goen, well de Mëllerdall vun der Natur hier e ganz sensibelt Gebitt ass. "Do kann een net ëmmer massiv agräifen", betount d'Marianne Origer.

Preventiv gi reegelméisseg Saachen ersat. Esou zum Beispill verschidde Brécken aus Holz, déi duerch Konstruktiounen aus Stol ersat goufen.

Méi Hoteller ass ëmmer besser

229.000 Wanderer waren d'lescht Joer eleng um Mëllerdall Trail ënnerwee. Mee och fir déi Leit, déi manner mobil sinn, soll eppes gebuede ginn.

"Dat ass och an der nationaler Strategie vum Ministère virgesinn, fir och méi douce Saachen unzebidden. Déi Comfortwanderweeër zum Beispill. Mir hunn där och een d'lescht Joer ugeluecht. Dat ass e Wee, deen ass gutt ze begoe fir all Mënsch, net nëmme fir Leit, déi een Handicap hunn. Och Leit mat enger Kannerkutsch oder klenge Kanner. Deen ass flaach an do si vill Bänken ënnerwee. Et sinn och Spillplaze fir Kanner do."

Campinger ginn et am Mëllerdall vill. D'Zuel vun den Hoteller ass am Laf vun de Joren allerdéngs erofgaangen. Vill Familljebetriber goufen an de leschte Joren zougemaach, well se net méi weidergeféiert goufen. 

Méi Hoteller wieren ëmmer besser, seet dozou d'Marianne Origer. Zemools elo, wou d'Nofro nees wiisst.  

"D'Nofro ass ganz grouss a mir gesinn och, datt déi puer Hebergementer, déi vläicht verluer gaange si bei den Hoteller, datt awer déi Hoteller, déi do sinn, datt déi immens gutt schaffen an déi ganz gutt ausgelaascht sinn opgrond vun deene villen Arrivéeën, déi mir hunn."

Vill Privatwunnengen am Mëllerdall gi mëttlerweil fir Vakanze verlount. A ville Stied ronderëm d'Welt ginn esou Plattforme wéi Airbnb éischter kritiséiert, well se de Marché fir déi Professionell am Secteur zerstéieren. D'Pressespriecherin vum ORT Mëllerdall weist am 100,7-Interview awer dorop hin, datt et an hirer Regioun net vill Airbnb-Wunnenge géife ginn. 

Lauschterenplay_arrow