Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Tom Hecker: "Jidderee kann op der selwechter Säit sinn"

LGBTQIA+ Theemen an der Schoul

Tom Hecker: "Jidderee kann op der selwechter Säit sinn"

 D‘Debatten iwwer d‘LGBTQIA+ Sujeten an der Chamber sinn eriwwer. D‘Conclusioun war, datt an de Schoule méi muss doriwwer geschwat ginn. Fir den Tom Hecker, och bekannt als Tatta Tom, ass dat awer réischt den Ufank vum Dialog.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Als Tatta Tom, eng Dragqueen déi de Kanner Geschichte virliest, huet den Tom Hecker virun engem Joer wuel beim ADR-Deputéierten Tom Weidig een Nerv getraff. Deen huet sech um Optrëtt vun der Tatta Tom gestéiert a sech ëffentlech opgereegt.

Hätt hien dat net gemaach, wier et vläicht guer net zu der Petitioun géint LGBTQIA Theemen an der Schoul komm an dann hätt och keng Géigepetitioun dozou misste lancéiert ginn.

Géigesäiteg Ängscht a Problemer verstoen

Den Tom Hecker wëll sech op dat Positiivt konzentréieren. Hien hätt sech, zënter datt d‘Diskussioune lassgaange sinn, nach méi fir Opklärung agesat. D‘Debatt hätt och gehollef, déi géigesäiteg Ängscht a Problemer ze verstoen an ze gesinn, "datt jidderee kann op der selwechter Säit sinn."

D‘Debatten an der Chamber wieren an där Hisiicht och produktiv gewiescht, fënnt den Tom Hecker. Ënner anerem d‘Ministesch fir Gläichsstellung an Diversitéit Yuriko Backes huet sech kloer positionéiert. D‘Rechter vu queere Leit sinn Deel vun de Mënscherechter, betount d‘Ministesch an der Chamber. Et kéint een hir Realitéiten net onsiichtbar maachen.

De Wëssensstand verbesseren

Fir den Tom Hecker hunn d‘Diskussiounen aus de leschte Méint jiddefalls dozou bäigedroen, datt d‘Leit hire Wëssensstand verbessere konnten. Hien hätt mat ville Leit geschwat, déi doropshin och hir Meenung geännert hätten, erkläert hien.

D‘Regierung wëllt jo elo d‘Schoulprogrammer iwwerschaffen. Den Tom Hecker erhofft sech, datt d‘Sujeten an der Schoul méi detailléiert behandelt ginn. Awer och, datt d‘Schoulpersonal obligatoresch Formatioune kritt, fir datt jiddereen um selwechte Wëssensstand ass.

"Ni ass elo"

Fir Lëtzebuerg géif sech lo ee Liichtbléck undeiten. Global gesinn ass d‘Situatioun awer eng aner. Ënner anerem an den USA huet den Donald Trump eng Rei Dekreeter ënnerschriwwen, déi d‘Rechter vun Transmënschen aschränken. Datt dat och op Lëtzebuerg eriwwerschwappt, „dee Risiko besteet ëmmer“, seet den Tom Hecker. Hien hätt Hoffnung a Lëtzebuerg awer net verluer. „Ni ass elo“ an dat dierft een ni aus dem Bléck verléieren.

Interview mam Tom Hecker

Lauschterenplay_arrow