Radioen

On air

De Weekend  |  D’Kassandra am Boccaccio sengem Who’s Who

play_arrow Live
search

/ Tierkei: 147 presuméiert IS-Membere goufe festgeholl

Nodeems de Weekend 40 Terroriste festgeholl goufen

Tierkei: 147 presuméiert IS-Membere goufe festgeholl

An der Tierkei sinn 147 Persoune festgeholl ginn, déi verdächtegt ginn, Member vun der Terrororganisatioun Islamesche Staat ze sinn. Den tierkeschen Inneminister huet matgedeelt, datt déi Verdächteg an 30 verschiddene Provënze festgeholl gi wieren.

auto_stories

1 min

Police Tierkei | © Faraways / Bigstock
Police Tierkei (Foto: Faraways / Bigstock)

Eréischt de Weekend haten déi tierkesch Autoritéiten eng 40 verdächteg IS-Terroriste festgeholl. Zanter Juni d‘lescht Joer goufen am Ganze bal 3.000 Mënsche festgeholl, déi ee Lien mam IS sollen hunn.

Zwee vun de presuméierten IS-Terroristen, déi e Freideg beim Attentat zu Moskau solle bedeelegt gewiescht sinn, hätten e puer Wochen an der Tierkei gewunnt, ier se ufanks Mäerz mam Fliger a Russland geflu wieren. Si wiere fräi tëscht der Tierkei a Russland hin an hir geflunn an et hätt kee Mandat d‘arrêt géint si ginn. Dat huet een tierkesche Responsaablen der AFP anonym gesot.

Och de russesche Sécherheets-Conseil beschëllegt d'Ukrain

De russesche President Wladimir Putin huet radikal Islamiste fir d‘Attentat zu Moskau responsabel gemaach, Hien huet awer och widderholl, datt d‘Ukrain an d‘Attack implizéiert wier.

Elo huet och de Sekretär vum russesche Sécherheets-Conseil d‘Ukrain beschëllegt, hannert der Attack ze stiechen. D‘Ukrain dementéiert dat.