Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Think Tank IDEA: Fréi Pensiounsreforme kéinte gréisser Problemer evitéieren

Zwou nei Etüden

Think Tank IDEA: Fréi Pensiounsreforme kéinte gréisser Problemer evitéieren

Fir d’Pensiounen zu Lëtzebuerg laangfristeg ze sécheren, si Reformen elo direkt néideg, constatéiert de Think Tank IDEA. Zwou Etüden, déi de Think Tank haut um Mëttwoch publizéiert huet, weisen op d’Gefor hin, datt de Pensiounssystem ouni Upassungen net méi finanziell drobar ass. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Pensioun | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Scho vun 2026 u kéint d’Pensiounskeess méi ausginn, wéi se erakritt. Bis 2045 kéinten d’Reserven, déi elo 30 Prozent vum PIB ausmaachen, komplett eidel sinn. De Grond dofir ass, datt ëmmer méi Pensionnairen ausbezuelt ginn, wärend ëmmer manner Jonker an de System abezuelen. Dofir klammen d'Pensiounsausgaben an den nächste Jore vun haut 9,2 Prozent vum PIB op geschaten 12,5 Prozent bis 2050. 

Zwou méiglech Entwécklungen

IDEA huet och betount, datt souguer mat engem Wirtschaftswuesstem vun 2,5 Prozent, wat scho vill ass, de System laangfristeg ënner Drock bleift. Fir déi aktuell Rentereegelungen ze erhalen, géif et esouguer e Wuesstem vu 5 Prozent erfuerderen. Een Zenario, deen als onrealistesch gëllt. Wéi den Direkter vun IDEA, de Vincent Hein, erkläert huet.

"Faire le pari d'une reproduction de cette croissance est possible, mais nécessite une vision prospective importante."

IDEA proposéiert zwou Méiglechkeeten, fir de Problem unzegoen. Eng Optioun wier, elo scho Reformen anzeleeden, déi kleng Upassunge mat sech bréngen, wéi zum Beispill eng schrëttweis Reduktioun vun de Renteleeschtungen ëm 12 Prozent bis 2030. Dat kéint hëllefen, méi grouss Problemer an der Zukunft ze evitéieren an d’Reserve stabil ze halen. 

Eng aner Optioun wier, näischt ze maachen, bis d’Reserve quasi eidel sinn. Dat kéint allerdéngs zu abrupten a massive Kierzunge féieren, wou Pensionnairen am Duerchschnëtt bis zu 30 Prozent manner Pensioun kéinte kréien, erkläert de Muriel Bouchet, fréieren Direkter a Member vum Conseil Scientifique

"Voyez le risque énorme quand même, je pense, qui est associé à une stratégie où on se dit, bon, on agit, on attend tant qu'on a de bons, tant que les réserves sont positives, on ne fait rien quoi, on a de bons indicateurs financiers, donc on n'agit pas."

De System soll gerecht a sozial sinn

De Think Tank schléisst och net aus, d’Gestioun vun de Reserven ze verbesseren, andeems se besser investéiert ginn, zum Beispill an Aktien oder Immobilien, erkläert de Muriel Bouchet.

"Et grâce à ça, on a vraiment des revenus du patrimoine qui, dans certains cas, permettraient de contrer l'effet du vieillissement démographique."

Weider recommandéiert de Think Tank, d’Reserven op e méi héijen Niveau ze bréngen. Net nëmme fir annerhalleft Joer, wéi aktuell virgesinn, mee véier Joer Pensiounsausgabe solle geséchert sinn.

D’Experte vun IDEA ruffe besonnesch dozou op, de System gerecht a sozial ze gestalten. Méi héich Renten e bëssen ze limitéieren a niddereg Pensiounen ze schützen, kéint dozou bäidroen, sozial Ongerechtegkeeten ze reduzéieren. Am Fréijoer 2025 wëll IDEA weider Virschléi presentéieren, déi op Erfarunge vun anere Länner opbauen.

IDEA ass eng Denkfabrick, déi vun der Chambre de Commerce gegrënnt gouf, an duerch wëssenschaftlech Analysen an Etüde politesch a gesellschaftlech Diskussioune beräichere wëll.

Lauschterenplay_arrow