Max Tholl
De leschten Disk “Wall of Eyes” koum réischt am Januar raus, a béid Albe sinn och quasi zur selwechter Zäit entstanen. Et ass also bal en Duebelalbum, dee just e wéineg zäitversat released gouf. Woubäi et schonn Ënnerscheeder tëschent den zwee Albe gëtt. “Cutouts” ass nach méi duerchdriwwen, manner strukturéiert, mat méi abrupte Stëmmungswiesselen. Een immens verspillten Album, deen eng gutt Balance tëschent Uptempo-Stécker an den typeschen, melancholeschen Thom Yorke Ballade fënnt.
Natierlech sti bei dësem Trio déi zwee Radiohead-Männer am mediale Fokus, mee grad op dësem Album ass et de Batteur Tom Skinner, dee sech hei dacks an de Vierdergrond spillt. Hie sëtzt och fir d’Jazz-Formatioun Sons of Kemet un der Batterie an op “Cutouts” ass dësen Jazz an Afrobeat-Afloss och immens staark. Vill Synkopatioun, also Beats, déi ëmmer e Krack verréckelt kléngen, sou zum Beispill am Song “Zero Sum”.
Manner Drock wéi bei Radiohead
Och wann de leschte Radiohead Album schonn 8 Joer zeréckläit muss een net fäerten, datt The Smile elo eng Zort Ersatz ass. Béid Museker hu jo och nach Solokarriären an aner Projeten niewebäi, also liicht Workaholic-Tendenzen. The Smile ass éischter e Projet, deen et hinnen erlaabt, ouni de ganz groussen Erwaardungsdrock ze schaffen, deen et bei enger Band ewéi Radiohead einfach gëtt. Natierlech ginn et och musikalesch Iwwerschneidungen an Ähnlechkeeten tëschent den zwou Formatiounen. Mee et gëtt The Smile net gerecht, wann ee se just am Kontext oder am Schied vu Radiohead betruecht, well de Sound dann dach eppes ganz Eegenes huet: Méi rythmusgedriwwen, méi verspillt, méi Funk. Dann ginn et awer och Stécker ewéi “Colours Fly”, en düstert Klanglabyrinth, wat perfekt op eng dystopesch Radiohead-Scheif ewéi “Amnesiac” oder “Kid A” gepasst hätt.
Textlech bleift den Thom Yorke senger melancholesch-fatalistescher Manéier trei, séngt ënner anerem iwwer Windows 95 an TED Talks, mee och iwwer de Klimawandel an natierlech déi fragil mënschlech Natur. “We are just baggage with no label/ You will find us in the rubble”, séngt hien op “Tiptoe” a leet säi Falsetto iwwer Piano a Sträichinstrumenter. Onverkennbar Thom Yorke an dach mat engem Twist,. Dat ass d’Essenz vun The Smile.