Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Thailand: 18 Doudeger bei Explosioun an enger Feierwierkskierperfabrick

Nordwestlech vu Bangkok

Thailand: 18 Doudeger bei Explosioun an enger Feierwierkskierperfabrick

An Thailand koumen op d'mannst 18 Mënschen ëm d‘Liewe bei enger Explosioun an enger Feierwierkskierperfabrick. D‘Fabrick nordwestlech vun der Haaptstad Bangkok wier total zerstéiert ginn.

auto_stories

1 min

D‘Ursaach ass nach onbekannt. Am Juli ware bei enger änlecher Explosioun am Süde vun Thailand zéng Leit ëm d‘Liewe komm. Am Südostasiatesche Land kënnt et wéinst dem Net-anhale vun der Sécherheetsmesuren ëmmer nees zu esou Accidenter.