Radioen

On air

Notturno  |  Missy Elliott - Best Friends Feat. Aaliyah

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Tëschefall am Prisong

Schraasseg

Tëschefall am Prisong

Ee Prisonéier huet ee Beamten ugegraff, esou d’Prisongsverwaltung. Eng Enquête leeft.

auto_stories

1 min

Am Prisong zu Schraasseg koum et gëschter zu engem Tëschefall. Wéi d‘Prisongsverwaltung haut, Méindeg, matgedeelt huet, hätt ee Prisonéier ee Beamten ugegraff. Eisen Informatiounen no, wier de Giischtjen an d’Gesiicht geschloe ginn.

D’Beamten op der Plaz am Prisong hätte séier fir Sécherheet gesuergt.

Zwee Beamte goufe blesséiert: Ee gouf fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht an ass elo am Krankeschäin. Bei deem Beamte ware keng weider Mesuren néideg. Och den Detenu wier medezinesch ënnersicht ginn.

De Parquet gouf informéiert an d’Police war op der Plaz. Eng Enquête leeft, esou d’ Administration pénitentiaire.