De Rafael Nadal huet a senger Karriär virun allem 22 Grand-Slam-Titele gewonnen: Eleng bei de French Open zu Roland-Garros, op Sand, huet hie säin Numm 14 Mol an de Palmarès agedroen. Donieft huet hie 4 Mol d’US Open zu Flushing Meadows, a jee zweemol Wimbledon an d’Australian Open zu Melbourne fir sech entscheet.
Dobäi komme 5 Victoiren am Daviscup mat Spuenien. Den Nadal, dee sech am Ganze bei 92 Tournoien am Simple an 11 am Double duerchgesat huet, war 2010 an 2020 och zum Weltsportler vum Joer gewielt ginn.