Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taiwan verléiert weider diplomatesch Relatiounen u China

Kuerz no Walen

Taiwan verléiert weider diplomatesch Relatiounen u China

Kuerz no de Walen an Taiwan, muss den ost-asiateschen Inselstaat ee weidere schwéiere Réckschlag fir seng international Unerkennung astiechen. De klenge Pazifikstaat Nauru huet elo offiziell Relatioune mat China opgeholl, a seng diplomatesch Relatioune mat Taiwan ofgebrach. 

auto_stories

1 min

Vu Peking gëtt déi Decisioun begréisst. China versprécht klenge Staaten eng wirtschaftlech Kooperatioun, fir dass se hir Relatioune mat Taiwan ofbriechen… Virun Nauru hat och schonn, ënner anerem Honduras d‘Relatioun mat Taiwan zu Gonschte vu China ofgebrach. Elo ginn et nëmmen nach 12 Länner, déi offiziell Relatioune mat Taiwan hunn.

Peking gesäit Taiwan als chineeseschen Territoire un an huet mat militäreschen Aktioune gewarnt wann Taiwan wéilt onofhängeg ginn.

D‘Spannunge si weider geklommen nodeems de Lai Ching, dee vu China als Separatist ugesäit gëtt, d‘Presidentewalen an Taiwan gewonnen huet.