Radioen

On air

Notturno  |  The Disliked - Possessed

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Table Ronde: Wéi kréie mer d'Wunnengskris geléist?

Chamberwalen

Table Ronde: Wéi kréie mer d'Wunnengskris geléist?

All Parteie si sech mëttlerweil eens, datt mer däitlechméi Wunnengen am Land brauchen. Mee wéi kritt een déi am séierste gebaut? Op dem Punkt ginn d’Meenungen auserneen.

auto_stories

2 min

headphones

30 min

play_arrow

Fir d’alleréischt muss de Staat méi agräifen, do sinn sech déi véier Invitéen eens. Mee och d’Gemengen, sollte méi Bauprojete matfinanzéieren, fënnt ënner anerem de Fokus-Kandidat Tom Becker, deen och eng méi staark Zesummenaarbecht tëschent den involvéierten Instanze fuerdert.

Dem stëmmt d’Mandy Arendt zou. D’Pirate-Buergermeeschterin vu Colmer-Bierg, betount awer, datt d’Gemengen och immens limitéiert wieren.

Déi Gréng: Lues Diskussioune mat Promoteuren

Bis elo huet de Staat net mol 200 Wunnenge vu private Promoteuren opkaaft. D’Semiray Ahmedova erkläert, datt nieft deene Wunnengen awer weider Diskussioune lafen. Déi géifen awer nëmme lues viru goen.

De Gary Diderich fuerdert iwwerdeems datt de Staat eng ëffentlech Baufirma schaaft. Dat virum Hannergrond vun den aktuelle Faillitten am Bausecteur.

Piraten a Fokus: Privat Terraine mobiliséieren

Weider missten och méi privat Terraine mobiliséiert ginn. Den Tom Becker gesäit hei Virdeeler an engem Bail emphytéotique, well Proprietären doduerch hir Terrainen net direkt musse verkafe wann se dat net wëllen, mee verpachten. Hie kéint sech souguer virstellen d’Emphytheos op 200 Joer eropzesetzen.

Datt een zu Lëtzebuerg ëmmer méi op de Wee vun der Locatioun soll goe fënnt och d’Mandy Arendt. Duerch de Mietkauf-Prinzip sollt et de Leit trotzdeem méiglech sinn, spéiderhin ze kafen.

Déi Lénk: Loyerspräisser plafonéieren

Fir de Gary Diderich wier méi wichteg eng Tax op eidelen Terrain am Bauperimeter anzeféieren. Fir de Kandidat vun déi Lénk misst et och un de Proprietäre leien ze beweisen datt fir hir Terrainen, Projete virgesi sinn oder hir Wunnenge bewunnt sinn. Gläichzäiteg missten och d’Loyerspräisser plafonéiert ginn. De Gary Diderich bedauert, datt dat entspriechend Gesetz net ëmgesat gouf.

D’Semiray Ahmedova reagéiert op déi Kritik a seet, datt de Gesetzesprojet op der Ligne Droite war, mee net méi mat Zäiten duerch de Staatsrot komm ass.

Lauschterenplay_arrow