Radioen

On air

Euranet Plus Podcast  |  

play_arrow Live
search

/ Syresch Iwwergangsregierung wëllt mat der UNO zesummeschaffen

No Chute vum Assad-Regime

Syresch Iwwergangsregierung wëllt mat der UNO zesummeschaffen

Déi nei Iwwergangsregierung a Syrie wier d'accord, mat der UN0 zesummenzeschaffen, fir nees méi humanitär Hëllef an d'Land ze bréngen. Dat sot der UNO hire Coordinateur fir Nouthëllef bei engem Treffe vum UNO-Sécherheetsrot zu New York.

auto_stories

1 min

© UN Photo/Eskinder Debebe
Foto: UN Photo/Eskinder Debebe

D'Liwwerunge vu Medikamenter, Liewensmëttel an anerer humanitär Hëllef an d'Biergerkrichsland waren zanter der Chute vum Assad-Regimm zäitweis ënnerbrach ginn.

D'Vereenten Natioune schätzen, datt 90 Prozent vun der syrescher Populatioun an der Aarmut liewen. Den UNO-Sécherheetsrot huet an enger Deklaratioun en inklusive politesche Prozess fir Syrie gefuerdert.

Ophiewe vun EU-Santkioune kéint de Rëmopbau vereinfachen

D‘EU sollt och hir Sanktioune géint Syrien iwwerdenken. Där Meenung ass d‘Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen. An enger Ried zu Stroossbuerg seet si, datt domat de Rëmopbau kéint erliichtert ginn.

Do virdurn misst awer garantéiert sinn, datt et e inklusive politesche Prozess gëtt an dass d‘Muecht rëm an d‘Hänn vun der Populatioun a Syrien géif goen.