Radioen

On air

Trendscheif  |  Jordan Rakei bei de BBC Proms 2024

play_arrow Live
search

/ Syprolux: All Iwweregrëff op Eisebunnspersonal ass een ze vill

178 Iwwegrëffer op Zuchpersonal zejoert

Syprolux: All Iwweregrëff op Eisebunnspersonal ass een ze vill

Zejoert goufen 173 Iwwergrëffer op Eisebunnspersonal gezielt. Bei 28 Millioune Passagéier kéint ee sech dat statistesch schéi rieden. Mee all Iwwergrëff wier een ze vill, seet d‘Mylène Bianchi, Presidentin vun der Eisebunnsgewerkschaft Syprolux.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow

D'Iwwergrëffer géife vu Bespäitze vun engem Agent bis Schloen oder Stousse goen.

Dobäi wier dacks schonn eleng de Fait, datt een eng Uniform un huet, Ureiz genuch, fir Aggressiounen. Fir déi betraffen Agenten an Agentinnen an Zuchbegleeder:inne wier dat eng traumatesch Situatioun. Dofir misst een ëmmer dru schaffe fir do Verbesserungen ze erzilen, esou d‘Mylène Bianchi.

D'Syprolux fuerdert, datt d'Eisebunnspersonal ënnert Reegelwierk vun der Beamtebeleidegung fält. An dësem Dossier bräicht een e laangen Otem, fir déi politesch Responsabel ze beweegen.