Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suzette Serres: "Ech hu fir d'Nordstad gestëmmt"

Nom Bettenduerfer Réckzuch aus dem Fusiounsprozess

Suzette Serres: "Ech hu fir d'Nordstad gestëmmt"

D'lescht Woch hu 4 Membere vum Bettenduerfer Gemengerot fir d'Nordstad gestëmmt, 7 dogéint. D'Suzette Serres huet sech fir d'Gemengefusioun ausgeschwat, a si ass och iwwerrascht iwwer dat konkret Resultat, obwuel am Virfeld scho kloer gewiescht wier, datt e puer Leit dogéint géife stëmmen.

auto_stories

2 min

Foto: Commune de Bettendorf

D'Conseillère geet och dovun aus, datt de Schäfferot dogéint gestëmmt huet. Ganz sécher ka si sech dobäi awer net sinn, well de Vott am geheimen ofgehale gouf. Firwat dat gemaach gouf, kann d'Suzette Serres sech net erklären.

D'Bettenduerfer Gemengeconseillère erkläert, datt vum Mee un doriwwer geschwat gi wier, datt Bettenduerf de Statut vum CDA (Centre de développement) urbain wéilt kréien, soss géif d'Gemeng sech géint eng Fusioun ausschwätzen. Gemenge vun der Gréisst vu Bettenduerf hätten dee Status awer guer net zegutt, esou d'Suzette Serres.

"Dat heescht, wann ee sou eppes freet, an et setzt ee sou eppes als Conditioun dran, dann huet een an deem Moment well praktesch gesot: 'ech wëll net dra goen'. Dat heescht am Mee ass dat am Fong geholl ewell gelaf."

Dobäi hätten déi Bettenduerfer Population e Recht drop, fir iwwer d'Positiounen an dësem Dossier informéiert ze ginn. D'Suzette Serres geséich et souguer am léifsten, wann d'Awunner an engem Referendum ëm hir Meenung géife gefrot ginn.

"Du kanns net iwwer de Kapp vun de Leit sou eppes decidéieren. Ech froe mech, wat fäert eise Gemengerot? Firwat gi se de Leit dat Recht net, sech ze positionéieren?"

Kleng Gemengen op Fusiounen ugewisen

D'Gemengeconseillère versteet och net dem Buergermeeschter Patrick Mergen säi Positiounswiessel an dëser Fro. An engem Presseartikel vum 23. Mee 2023 hätt hien zum Beispill nach gesot, datt hie keng Nodeeler bei enger Fusioun géif gesinn. Op laang Siicht wier dat souguer inevitabel. Kleng Gemenge kéinten net mat Kierchtuermspolitik iwwerliewen, esou d'Suzette Serres.

An:

"Die Nordstadt muss irgendwann Realität werden. Wir sind als einzelne Gemeinden einfach zu klein. Ich brauche mir nur die Projekte vor Augen zu führen, die wir als Gemeinde Bettendorf dringend durchführen müssen, das geht ohne massive Verschuldung nicht."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft