Radioen

On air

Concert  |  Indian Summer

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Suessemer Gemeng leet kee Recours géint de Käerjenger Contournement an

Käerjenger Contournement

Suessemer Gemeng leet kee Recours géint de Käerjenger Contournement an

Déi Suessemer Gemeng wäert kee Recours géint de Projet vum Käerjenger Contournement aleeën. De Moie gouf dee Virschlag mat 11 géint 5 Stëmmen ofgewisen. D’Meenungen am Gemengerot ware gedeelt.

auto_stories

2 min

Demonstrante virun der Suessemer Gemeng. | © Jacques Ganser
Demonstrante virun der Suessemer Gemeng. (Foto: Jacuqes Ganser)

Dräi Majoritéitsconseilleren hu fir e Recours gestëmmt, ee vun der CSV an zwee vun der LSAP, déi selwer Member vun der Biergerinitiativ sinn. Och d‘Conseillere vun déi Lenk a vun der ADR ware fir e Recours. Op Säite vun der DP an déi gréng war et een Nee fir e Recours.

E komplexen Dossier ass ofgeschloss

Si wier erliichtert dat de komplexen Dossier elo konnt ofgeschloss ginn, sou d‘LSAP Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz.

„Ech mengen déi heiten Decisioun muss ech och elo acceptéieren. Mir ginn och wéi 2018 schonn eemol elo net a Recours, dat kann een elo gutt oder net gutt fannen.“

Och nom Avis, deen d‘Gemeng vun hirem Affekot krut, hätt een net kënne méi wäit goen, well de Bobësch op Käerjenger Terrain läit, erkläert d‘Simone Asselborn-Binz.

Lescht Variant déi bescht

Allgemeng war eng Majoritéit am Gemengerot sech eens datt déi lescht Variant, déi laanscht d’Eisebunnsschinne soll lafen an de Bobësch net an zwee deelt, déi bis elo bescht wier.

Eng Meenung, där sech no vill Kritik am Ufank elo och déi gréng ugeschloss hunn, wéi de Conseiller Serge Faber erkläert:.

„Mir hunn eis déi Decisioun net einfach gemaach, mee et ass an eiser Sektioun eng eestëmmeg Decisioun gewiescht.“

„Mat engem Fiederstréch“

Enttäuschung dogéint bei der Myriam Cecchetti vun déi Lénk. Si ass eng vun de schäerfste Kritikerinne vum Projet, well en och an eng Natura 2000 Zon agräift.

„Et kann net sinn dat mir Gebidder schütze wou mer soen do dierf wierklech näischt geschéien an da mat engem Fiederstréch soe mer Zack, do kënnt awer eng Strooss hin.“

Och d’Biergerinitiativ BIGS huet sech enttäuscht gewisen an erkläert, si wéilte weider juristesch géint de Projet virgoen sou d‘Patrizia Arendt. D‘Argumenter an d‘Modelléierunge mat deene viru Jore fir de Contournement plädéiert gi wier wieren deemno haut net méi aktuell.