Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suen am Tosch géint pro-russesch Aussoen

AfD-Politiker

Suen am Tosch géint pro-russesch Aussoen

Viru gutt zwou Wochen huet déi tschechesch Regierung annoncéiert, si hätt e pro-russescht Propaganda-Netzwierk opgedeckt. Eng sëllegen EU-Politiker hätten deemno vun der Internetplattform Voice of Europe Suen dofir krut, pro-russesch Aussoen ze maachen. Mat am Fokus vun de Virwërf: den däitsche Politiker Petr Bystron, Nummer 2 op der AfD-Lëscht fir d’Europawalen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Petr Bystron | © picture alliance / dts-Agentur | - play_arrow
Foto: picture alliance / dts-Agentur | -

Schonn nees de Petr Bystron. Datt justement deen Numm am Zesummenhang mat de Recherchë vum tschechesche Geheimdéngscht zu pro-russescher Propaganda sollt falen, huet hei a Bayern - mee och an Däitschland - keen esou wierklech iwwerrascht.

De Petr Bystron ass ee vun deenen AfD-Deputéierten, déi presuméiert Rietsextremisten a sengem Bundestagsbüro agestallt huet. En ass ee vun deenen AfD-Politiker, déi op enger Konferenz vun enger rietsextremer ungarescher Partei waren. An hien ass een, dee Kontakter zur Identitärer Beweegung nogewise krut an dowéinst vum bayresche Verfassungsschutz observéiert gouf.

De Petr Bystron bestreit d'Geheimdéngschtinformatiounen

Mee d’Virwërf, déi zanter gutt zwou Wochen am Raum stinn, weie vläicht nach méi schwéier. Wéi déi tschechesch Zeitung Denik N bericht huet, hätt de Petr Bystron vun der pro-russescher Internetplattform Voice of Europe Suen ugeholl. Dem tschechesche Geheimdéngscht no géif et Audiodateie ginn, déi eng Iwwergab vu Sue solle beleeën. Et soll sech dobäi ëm eng Zomm vun 20.000 Euro handelen, schreift déi däitsch Wochenzeitung DIE ZEIT.

Suen am Tausch géint russlandfrëndlech Aussoen. Dat ass de Reproche, deen de Petr Bystron selwer bestreit. Zu kengem Zäitpunkt hätt hie “von einem Mitarbeiter von Voice of Europe (oder irgendeinem Russen) Geldzahlungen oder Kryptowährungen bekommen”, sot den AfD-Politiker an engem Statement.

Seng Partei stäerkt him, nodeems d’Parteispëtzt zesummekoum, de Réck - soulaang si keng Beweiser gesinn hätten, géif d’Onscholdsvermuddung gëllen, sot den AfD-Parteichef Tino Chrupalla.

De Spëtzekandidat vun der AfD fir d’Europawalen, de Maximilian Krah huet senger Nummer 2 dozou geroden, elo mol kee Walkampf méi ze maachen, soulaang d’Affär net ganz opgekläert wier. De Maximilian Krah ass selwer en ëmstriddene Personnage mat Positioune wäit um rietse Bord - an ass op de Sitte vu Voice of Europe och opgetrueden.

Onkloer, ob de Bystron ee Mandat kéint untrieden

Fir d’AfD ass d’Affär am Virfeld vun den Europawalen, mee och mat Bléck op d’Landtagswalen a Sachsen, Thüringen a Brandenburg am Hierscht e Problem. Natierlech just wéinst der Aart a Weis, net wéinst dem Inhalt. Mat hiren deelweis russlandfrëndleche Positioune punkt d’AfD bei Deeler vun der Wielerschaft.

De Virworf vu Korruptioun a Bestiechlechkeet, dee bitt den anere Parteien am Walkampf allerdéngs nach e gutt Stéck méi Ugrëffsfläch. Dat kéint souwuel fir de Petr Bystron wéi och fir de Maximilian Krah e Problem duerstellen, sot de Politolog Hajo Funke dem Bayresche Rundfunk.

Dem Petr Bystron säin Numm, bis elo virun allem a Bayern bekannt, kennen elo no de Recherchen zu Voice of Europe eng ganz Rëtsch Leit a ganz Europa. Als zweet op der AfD-Lëscht misst hie mat zimmlecher Sécherheet an d’Europaparlament gewielt ginn. Op hien no dëser Affär dat Mandat awer och untrëtt, ass - nach - onkloer. D’AfD-Spëtzt, déi elo nach hanner him steet, soll him geroden hunn, no der Wal op d’Mandat ze verzichten.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
International