Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
search

/ Südkorea: Haftbefeel géint Ex-President Yoon

Nom politesche Chaos

Südkorea: Haftbefeel géint Ex-President Yoon

A Südkorea huet ee Geriicht een Haftbefeel géint den ofgesate President Yoon Suk Yeol erausginn, wéinst sengem gescheiterte Versuch ufanks Dezember fir d'Krichsrecht am Land ze imposéieren.

auto_stories

1 min

© Flickr / Kang Min Seok
(Foto: Flickr / Kang Min Seok)

Mam Haftbefeel verstäerkt d'Justiz den Drock op de President. Hien huet bis elo, trotz Convocatiounen, refuséiert, sech vun der Justiz verhéieren ze loossen. A seng Sécherheetsservicer hu Perquisitiounen a senger Residenz zu Seoul blockéiert.

De Yoon Suk Yeol ass suspendéiert, mee offiziell nach ëmmer President. D'Verfassungsgeriicht muss nach decidéieren, ob seng Ofsetzung duerch d'Parlament legal war oder net.