U sech sollte jo 76 vun den am Ganzen 254 Beschäftegte vu Stugalux Construction hir Plaz verléieren. An enger éischter Phas solle 40 Aarbechter entlooss ginn. Et géif ee probéieren, datt et dobäi bleift, spréch datt déi 25 aner Concernéiert net missten hir Plaz verléieren, sou de Robert Fornieri, deen dëse Schrëtt bedauert huet.
"Si nous avions pris les bonnes décisions déjà l’année dernière, c’est-à-dire à l’issue du congé collectif, si on avait pu négocier un plan de maintien dans l’emploi sectoriel avec les mesures appropriées, le cas Stugalux aurait certainement pu être évité ou fortement amoindri, ça, nous en sommes clairement convaincus, après toutes les discussions que nous avons eues. Le deuxième regret vraiment profond, c’est une obstination de la direction à ne pas vouloir négocier un plan de maintien dans l’emploi, même de très courte durée, pour nous donner suffisamment de temps pour trouver des pistes alternatives au licenciement.”
Echec vum Sozialdialog
Hie wier a Kontakt mat anere Patrone fir ze kucken, ob déi vläicht Leit iwwerhuele kéinten, sot den LCGB-Mann nach. Ee Plan de maintien dans l’emploi, sou wéi e vun de Gewerkschafte gefuerdert gouf, wier net méiglech gewiescht, soudass ee vun engem Echec vum Sozialdialog schwätze misst, huet de Robert Fornieri betount.
Fir den OGBL dann ass et nach net kloer, ob een de Sozialplang mat ënnerschreift, wéi de Jean-Luc De Matteis erkläert huet: Dee Plang wier nämlech net gutt, a sou ee Virgoe wéi dat vum Patron hei sollt net d’Reegel ginn. Dem OGBL no soll de Chômage partiel och net d’Léisung sinn an hätten déi betraffen Aarbechter eventuell an anere Betriber kënnen ënner Daach kommen.