D'Regierungskoalitioun vum Premier Bart de Wever huet an hirem Accord Moossnamen, déi vun de Gewerkschafte kontestéiert ginn. A punkto Pensioun ass vun 2030 un eng Erhéijung vum Pensiounsalter ëm ee Joer op 67 Joer geplangt. D'Eisebunner konnte bis elo mat 55 an d'Pensioun, déi meescht maachen dat mat 62 Joer.
Méi laang schaffen - manner Suen
Mat där Reform gëtt de Pensiounsalter vun 2027 un deenen anere Secteure progressiv ugeglach, erkläert de belsche Gewerkschaftler Maurice Mabille vun der CGSP-Cheminots, enger Eisebunnergewerkschaft. Da missten d'Aarbechter:inne méi laang schaffe goen, fir duerno manner Pensioun ze kréien.
Wéinst där Reform sinn déi belsch Eisebunner mobiliséiert. Am Abrëll si véier Streikdeeg virgesinn, an am Mee zwee.
Weider Moossname wäerten de Laangzäitchômage betreffen
Vum 1. Januar nächst Joer u wäerten 100.000 Leit kee Chômage méi kréien, seet de Maurice Mabille. Déi Leit missten da Sozial- oder Gemengenhëllef ufroen.
Wéinst all deene Grënn mobiliséieren déi belsch Gewerkschafte fir déi nächste Streikaktiounen, déi bis de Juli scho geplangt sinn.