Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL an Ampacet fannen en Accord: De Streik zu Diddeleng ass eriwwer

No 25 Deeg

OGBL an Ampacet fannen en Accord: De Streik zu Diddeleng ass eriwwer

De Streik bei Ampacet zu Diddeleng ass eriwwer. Mat 25 Deeg war et dee längste Streik zu Lëtzebuerg säit 1995. Den OGBL an d‘Direktioun vum Plastikgranulat-Fabrikant hunn en Accord fonnt an dee wier positiv.

auto_stories

2 min

© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

 

D'Fuerderunge goufen Erfëllt erkläert de Stefan Osorio vum OGBL. Den ale Kollektivvertrag gouf integral reaktivéiert an et koume souguer Verbesserungen dobäi.

"Notamment eeben d'Aféierung vun enger grille de salaire, wou all Joer all Gehälter ëm 1,2 Prozent an d'Luucht ginn. All puer Joer ginn dann och Leit vun och an déi nächst Kategorie. Do ass dat souguer 5,6 Prozent méi an der Pai. Dobäi kënnt eng Prime unique vun 600 Euro. A vun 2026 u geet den Nuetszouschlag vu 16 op 17 Prozent an d'Luucht."

Den Aarbechtsminister, Georges Mischo hätt "guer net" zu dësem Accord bäigedroe betount de Stefan Osorio. An engem Echange mam Aarbechtsminister a mam Wirtschaftsminister Lex Delles, wier gesot ginn, datt d'Regierung sech grondsätzlech net an d'Verhandlunge géif amëschen.

Victoire zwee an en hallwe Mount viru Sozialwalen

Datt Direktioun vun Ampacet no sou laanger Zäit awer agelenkt huet, erkläert de Stefan Osorio sech doduerch, datt de Streik warscheinlech ugefaangen huet wéizedoen.

"Si konnte just op Spuerflam produzéieren, wat awer net genuch war fir all Clienten ze beliwweren an dofir huet d'Direktioun dann agesinn, datt se sech mussen un den Dësch setze fir ze verhandelen."

Zwee an een hallwe Mount virun de Sozialwale betount d'Gewerkschaft, den Ausgang vun dësem Konflikt wier eng Victoire fir d'Beleegschaft.

Lauschterenplay_arrow