D’CSV-Politikerin huet, “d’Divergenzen um Niveau vum Verwaltungsrot” constatéiert. Dee Fait wéilt si doriwwer eraus awer net kommentéieren. Si géif et den Ament net néideg fannen, ze intervenéieren.
"Den CA ass selwer zoustänneg fir seng Kontroll, a wa si do wëllen en Audit maachen, da si si fräi, dat ze maachen. Do hu mir net matzeschwätzen."
Ausseruerdentlech Generalversammlung am Abrëll
Si erënnert drun, datt fir den 18. Abrëll eng ausseruerdentlech Generalversammlung aberuff gouf, dat nach vum ofgesate President. Do virdru géif et wuel den 8. Abrëll e Geriichtsurteel zur Zesummesetzung vum neie Verwaltungsrot ginn.
De François Bausch huet drop higewisen, datt de Ministère eng gewëss Verantwortung hätt, wat de Respekt vun de Statuten an d’Iwwerwaachung vun de Finanzen ugeet.
“Op all déi Froen, déi sech gestallt hunn, par rapport zu deem, wat an der Ëffentlechkeet de Moment diskutéiert gëtt, huet d’Ministesch gesot, si hätt keng Indicen fir de Moment, datt dat net duerch eng legal Decisioun validéiert wier, vum Verwaltungsrot vun der Mutuelle, an och d’Finanzkontrolleuren hätten dat alles validéiert."
François Bausch: Statute vum Mutuellesgesetz op de Leescht huelen
Et géif kee Beweis dofir ginn, datt eppes gemaach gi wier, wat bei der Justiz ze denoncéiere wier, sot den Deputéierte vun déi gréng. Fir hie wier et awer scho sënnvoll, d’Statute vum Mutuellesgesetz nach eng Kéier op de Leescht ze huelen, fir zum Beispill méi Prezisioun a puncto Kontroll ranzekréien. Fir de Rescht misst een déi nächst Generalversammlung ofwaarden.
Am schlëmmste Fall brauch et eng Mediatioun
De Mars di Bartolomeo huet betount, datt d’Agrëffsméiglechkeete vum Ministère zimmlech limitéiert wieren. Wa Leit am Verwaltungsrot net géifen eens ginn, wiere si awer Rechenschaft schëlleg, spéitstens enger Generalversammlung géintiwwer.
A wann ee sech net géif eens ginn, bräicht een eng Mediatioun, zu där et am schlëmmste Fall duerch eng Generalversammlung géif kommen, wéi den LSAP-Politiker ervirgehuewen huet.
Dat Falschst an dëser Situatioun wier et, fir der CMCM den Agrement ze entzéien.