Radioen

On air

Moiesstudio  |  Neit Gebai Lycée privé Emile Metz

play_arrow Live
search

/ Stierfhëllef a Frankräich: Definitiv Ëmsetzung viraussiichtlech nächst Joer

Gesellschafts-Reform

Stierfhëllef a Frankräich: Definitiv Ëmsetzung viraussiichtlech nächst Joer

Am franséische Parlament fänken d‘Deputéiert haut un sech konkreet mam Gesetzprojet iwwert d‘Enn vum Liewen auserneen ze setzen. Fir d‘éischte Kéier soll domat a Frankräich eng Stierfhëllef fir verschidde Patienten erlaabt ginn.

auto_stories

1 min

Illustratioun fir Stierfhëllef | © Bigstock / TeroVesalainen
Illustratioun fir Stierfhëllef (Foto: Bigstock / TeroVesalainen)

Déi 71 Member vun där spezieller parlamentarescher Kommissioun wäerte sech elo eng Woch laang mat de ronn 1.900 Amendementer befaassen, déi Deputéiert vu sämtleche politesche Borden zu der Regierung hirem initialen Text agereecht hunn.

D‘Regierung schätzt, datt et bis de Summer d‘nächst Joer dauere kéint bis dës Gesellschafts-Reform a Frankräich definitiv kéint ëmgesat ginn.