D’Stéphanie Weydert vun der CSV fënnt et schued, datt net op de Wëlle vun de Bierger:inne gelauschtert ginn ass. An engem Referendum hate 57 Prozent sech fir weider Gespréicher iwwer eng Fusioun ausgeschwat.
D’Stéphanie Weydert ass och Buergermeeschterin vun der Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech. Si betount. wéi vill Virdeeler eng Fusioun fir kleng Gemenge kéint hunn.
Keng Amëschung
D’Interieurskommissioun wäert sech awer am Fall Bettenduerf net amëschen, erkläert d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert. Dat wier eng Saach vu Gemengenautonomie.
“Ech mengen, et ass net un iergendengem sech do anzemëschen an eng politesch Decisioun, déi eng Gemeng hëlt. Mee wat ech awer begréissen ass, den Inneministère, deen huet nees den Expertegrupp an d'Liewe geruff fir eeben d'Gemengefusiounen och personalméisseg ze begleeden. Well dat ass awer ee grousse Schrëtt fir eng Gemeng sech op esou eppes anzeloossen. An dat muss och eigentlech tëschent de Politiker d'Chimie stëmmen, fir dass ee seet, okay mir gi mat op dee Wee.”
Fir d’Gemeng wier et eng Plus-value, wa se op de Wee vun enger Fusioun geet, esou d’Stéphanie Weydert op Basis vun hirer perséinlecher Erfarung. Et kéint een et awer net forcéieren.
Ministère: Fusioune weider eng Regierungsprioritéit
Den Inneministère huet op Nofro matgedeelt, et géif een d’Decisioun vum Bettenduerfer Gemengerot zur Kenntnis huelen. D’Gemengefusioune wiere weiderhin eng Prioritéit vun der Regierung. Mee de Wëlle misst awer vun de Gemenge kommen, esou de Ministère an enger schrëftlecher Äntwert.
FGFC: positiv Effekter duerch Gemengefusiounen
D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC fuerdert méi Reformbereetschaft bei de Gemengefusiounen. Ouni strukturell Ännerunge wier de Gemengesecteur net laang liewensfäeg, esou d‘FGFC an engem Communiqué. Dat no der Decisioun vu Bettenduerf, net méi u Fusiounsgespréicher deelzehuelen.
D’Fusioune vu bis elo hätte positiv Effekter gewisen, dorënner eng méi effizient Verwaltung, nei Investitiounsméiglechkeeten an eng méi professionell Personalpolitik.
D‘FGFC stellt hei d‘Fro: soll déi Lëtzebuerger Gemengelandschaft an Zukunft zersplittert oder gemeinsam staark ausgesinn? D’Äntwert dorop géif virun allem am politesche Wëlle leie fir Verantwortung z‘iwwerhuelen.