Si ass Co-Signatairin vum Bréif vun de sechs Parteien CSV, LSAP, DP, Piraten, Lénk an déi gréng, de leschte Samschdeg un d'Presidentin vun der ADR Alexandra Schooss. Eng Äntwert op dëse Bréif wier ni komm, esou d‘Stéphanie Empain
An deem Bréif goufe Sanktioune géint den Tom Weidig gefuerdert. Deemno wier een elo gespaant ze wëssen, wéi eng Moossnamen decidéiert goufen. Dat wier och eng Fro vun Transparenz an Éierlechkeet.
D'ADR wier zweegleiseg gefuer
Et wier een zweegleiseg gefuer, fënnt d‘Stephanie Empain. Si mengt, d‘Partei hätt op d‘Alexandra Schoos als moderat Stëmm gesat. Anerersäits wéilt d‘ADR net déi "bruskéieren", déi net op ee méi strenge Wee wollte goen.
D‘ADR géif et sech extreem einfach maachen, fënnt d‘Stéphanie Empain: „Mir maachen ee Communiqué an dann tauche mer ënner“.
"Entweder d'Presidentin well net baussen an engem Interview verdeedege wat festgehale gouf, oder se probéiere weider hir Roll vun enger moderater Stëmm fir d‘Partei no baussen ze weisen."
Dat wier brandgeféierlech, seet d‘Stéphanie Empain.
Riets Aussoe bei deenen et ëm d’Vernichtung vun engem Deel vun der Gesellschaft geet, däerfen hei am Land an der politescher Debatt keng Plaz hunn. Dat fuerdert iwwerdeems den DP-Parteipresident. De Lex Delles fënnt et "ganz speziell" datt d’ADR sech an der Affär ronderëm hiren Deputéierten a Stater Gemengeconseiller Tom Weidig net ganz kloer positionéiert huet. Dem Lex Delles no, géif dëse Fall awer och weise wou d’ADR an der Tëschenzäit steet.
Aussoe wéi déi, déi den ADR-Politiker Tom Weidig op Facebook geliked hat, kéint een net dulden, betount de Lex Delles.
"Vernichten heescht esou maache wéi wann déi Leit net do gewiescht wieren, wéi wann et déi Leit ni ginn hätt."
Lex Delles: D‘ADR huet sech kloer positionéiert
Et wier "ganz dramatesch", datt esou Bäiträg vun engem Deputéierte geliked ginn, fënnt de Lex Delles.
D’ADR géif esou Aussoen acceptéieren, kritiséiert den DP-President. An d’ADR hätt sech domat kloer positionéiert.
"D‘ADR huet hei säi richtegt Gesiicht gewisen. Spéitstens elo weess jiddereen am Land wou d’ADR als Partei steet."
Dan Biancalana fuerdert Récktrëtt vun der Alexandra Schoos
Et géif ee mierken, datt bei der ADR déi Stréimungen, déi dem ganz rietse Bord no sinn, sech duerch gesat hätten, stellt den LSAP-Co-President Dan Biancalana fest. D’ADR-Presidentin Alexandra Schoos hätt méi ee moderat Bild vun der ADR wëllen due stellen. Dat hätt sech awer net duerchgesat.
"Wann ee par Rapport zu sech moralesch an ethesch wëll am Renge stoen, wär fir mech dat doten eng kloer Decisioun fir zréckzetrieden."
Den Dan Biancalana fuerdert elo och de Récktrëtt vun der ADR-Presidentin Alexandra Schoos.
Den LSAP-Co-President kritiséiert, datt et nëmmen eng schrëftlech Verwarnung fir den Tom Weidig gouf.
"Wat brauch et am ADR nach fir wierklech Sanktiounen ze huelen? Muss wierklech ee Passage à l’acte stattfannen, fir datt wierklech dann och een Exempel statuéiert gëtt?"