Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steiererhéijungen a Spuere bei de Pensiounen: Barnier wëll Staatsschold reduzéieren

Frankräich

Steiererhéijungen a Spuere bei de Pensiounen: Barnier wëll Staatsschold reduzéieren

En Donneschdeg wäert d’Regierung de Budgetsplang fir 2025 am Conseil des Ministres presentéieren. De Premier Michel Barnier wëll duerch Kierzungen an zousätzlech Recettë 60 Milliarde generéieren, ënner anerem duerch Steiererhéijungen an Aspuerunge bei de Pensiounen. An engem Interview huet de Barnier elo un d’Parlament appelléiert hien dobäi ze ënnerstëtzen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier play_arrow
Foto:picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier

Am Gespréich mat der Zeitung La Tribune Dimanche seet de Michel Barnier, d’Staatsschold, déi hien elo reduzéiere misst, wier net eleng déi vu sengen direkte Virgänger. De fréiere Premier Gabriel Attal hätt schonn ugefaange, d’ëffentlech Depensen ze reduzéieren, sou de Barnier.

Keng Problemer tëschent Barnier an Attal

Well de Premier a sengem Spuerprogramm och Steiererhéijunge fir grouss Entreprisen a Spëtzeverdénger virgesäit, hat den Attal mat Kritik reagéiert. De Barnier seet, et géing awer keng Problemer tëschent him a sengem Virgänger ginn. Och wa si een anert Temperament an een anere Regierungsstil hunn, sou de Barnier.

Spuere bei de Pensiounen: Barnier brauch Support vum Parlament

Hie wëll ënner anerem och bei de Pensioune spueren, déi net am Januar mee réischt am Juli sollen un d’Inflatioun ugepasst ginn.

Eng ëmstridde Mesure, fir déi de Barnier de Support vum Parlament brauch. Am Interview huet hien un all Parlamentarier:inne, besonnesch awer un d’Leadere vun den zentristeschen a konservative Parteien appelléiert, hien dobäi ze ënnerstëtzen. 

Staatsdefizit soll bis 2029 op 3 Prozent vum PIB reduzéiert ginn

Hie wier och bereet seng Pläng unzepassen, wann d’Parlament aner sënnvoll Kierzungen an deem Ëmfang kéint proposéieren. De Premier wëll awer och de Staatsapparat selwer op Regime setzen: An all de Ministèrë soll agespuert ginn, och bei der Justiz, der Verdeedegung an der Recherche, där hir Budgeten eigentlech duerch eege Programmgesetzer ofgedeckt sinn.

Frankräich huet den drëtthéchste Staatsdefizit an der EU a wëll dëse vun aktuell 6 Prozent vum PIB d’nächst Joer op 5 Prozent a bis 2029 nees ënnert den europäesche Grenzwäert vun 3 Prozent bréngen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft